CATEGORY: Archive

Summer-Atelier 2025 – 10 bis 12 Joer – LUX – G

Course Access: Lifetime
Course Overview

Bei ARTIS Culture ASBL bidde mir dynamesch a fir jidderee zougänglech Improvisatiounstheater Summer-Atelieren un, déi Jonker un den Improvisatiounstheater erunféiere sollen –
oder hinnen d’Méiglechkeet ginn, hir Fäegkeete weider z’entwéckelen. D’Ateliere gi vum Pascal Durante animéiert,
engem erfuerene Schauspiller a Formateur, dee fir seng spilleresch a mënschlech Approche bekannt ass.

Iwwert eng Woch entdecken d’Kanner d’Grondlage vum Theaterspill an der Improvisatioun. Gläichzäiteg stäerken si d’Fantasie, d’Lauschteren an d’Vertrauen an sech selwer – alles an engem kreativen a frëndlechen Kader.

🎯 Fir wien?

  • 🎭 Kanner tëscht 10 a 12 Joer
  • 🎭 Jonker déi d’Theaterwelt kenne léiere wëllen
  • 🎭 Ambitiéis Ufänger*innen déi no neien Erausfuerderunge sichen

📝 Wat steet um Programm?

  • Souverän op der Bün stoen an zesummeschaffen
  • Opwiermung vum Kierper an der Stëmm
  • Spontan Charaktere kreéieren
  • Mat Authentizitéit an Emotioun spillen
  • Improvisatiounsspiller a fräie kreative Raum
  • Intro an d’Liesen a spille vu klenge Zeenen
  • Vertrauen, Lassloosse – an natierlech… vill Spaass!

🕙 Auerzäiten

  • 28. Juli bis de 01. August 2025 – vun 10h00 bis 12h00
  • 18. bis de 22. August 2025 – vun 10h00 bis 12h00

📍 Plaz

Centre Culturel Altrimenti
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Hollerich – Luxembourg

👧🧒 Alter

10 bis 12 Joer

🗣️ Sprooch

Lëtzebuergesch

No comments yet! You be the first to comment.