Impro Theater – Donneschden – 7 bis 12 Joer (Lëtzebuergesch)

Dëse Cours huet als Zil, jonke Schauspillerinnen a Schauspiller eng künstleresch an technesch Ausbildung ze bidden, déi hir Kreativitéit an hiert Selbstvertraue stäerkt – a gläichzäiteg Spaass mécht!

En stock

Description

Cours op Lëtzebuergesch – All Donneschde vu 16h bis 17h30

Dëse Cours huet als Zil, jonke Schauspillerinnen a Schauspiller eng künstleresch an technesch Ausbildung ze bidden, déi hir Kreativitéit an hiert Selbstvertraue stäerkt – a gläichzäiteg Spaass mécht!

🎯 Objektiven
D’Kanner léieren :
• Klassesch an zäitgenëssesch Texter interpretéieren
• Monologen, Fabelen, Gedichter oder Erzielungen ze verstoen a virzedroen
• Zeenen am Grupp ze schreiwen a virzespillen
• Stëmm, Artikulatioun, Haltung a Bünepresenz ze verbesseren

De Programm leeft a 2 Etappen of :

  1. Aféierung an d’Grondlage vum Theaterspill

  2. Virbereedung vun engem Theaterstéck, dat am Enn vum Schouljoer ënner professionelle Konditioune virgestallt gëtt

📍 Plaz
Centre Culturel Altrimenti
5 Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg

🕒 Organisatioun
• All Donneschde vu 16h bis 17h30
Keng Coursen während de Schoulvakanzen a Feierdeeg (LU-Kalenner)
• Vum 23. Oktober bis Enn Juni

💳 Umeldung a Bezuelung
Bezuelt gëtt pro Trimester
Umeldung ass méiglech fir den 1. oder 2. Trimester
No dem 2. Trimester si keng nei Umeldungen méi méiglech